Aktuelles

IC Badische Meile

Donneschdes, den 30. November 2023, ass et endlech nees esou wéit: 

Well et nach puer Méint dauert bis d'Karlsruher Lafcourse „Badische-Meile“ erëm stattfënnt, starte mir deen Owend op eiser eegener Badischen-Meile, déi bësse manner mat Lafen ze dinn huet: Mir organiséieren fir eis Memberen a Frënn aus aanere Cerclen e spannende Rallye duerch d’Karlsruhe-Caféen. Freet iech op kniwweleg witzeg Froen an Aufgaben, a sammelt fläisseg Punkten!

D'Umellung fannt dir hei.

Är AELK❤️

Ersti-Treff

Salut léif Memberen, Net-Memberen a New Comers,

D'Wantersemester steet virun der Dier (oder huet fir déi eng oder aner souguer scho ugefaange) an ären Lieblingscercle ass och scho prett mat verschidden Aktivitéiten um Programm.

Mir starten mat eisem Ersti Treff.
Trotz dem Numm ass dëst Event awer fir jiddereen, egal op Member, Net-Member oder New Comer.
Den Owend hutt dir d'Méiglechkeet eisen Cercle kennenzeléieren an iech mat aneren Leit auszetauschen.

Mir treffen eis den 24.10.2023 um 18:30 Auer am Kühler Krug fir z'iessen, an fir dann och natierlech deen een oder aneren zesummen ze drénken. Mir wieren dankbar, wann dir iech umellen gifft, wann dir schon sëcher wësst dass dir kommt, sou dass mir ongeféier wëssen mat wéi vill Leit mir rechnen kënnen. Dir kënt awer natierlech och spontan ouni Ummeldung kommen.

Mir hoffen der vill vun iech do (rëm)zegesinn!

Är AELK❤️

De Studentebal 2023

De Studentebal 2023!

Virun knapp zwou Wochen waren mir um legendären Studentebal vertrueden! Dëst Joer konnten mir zesummen mam SLUF an mat der ALUS zwee verschidden Cocktails (Badner Bitch an Hot Lion) an eisen Waikiki Shot ze schmaachen gin. Wéi all Joers war rëm top Stëmmung! Merci un jiddereen deen bei eis laanscht komm ass an mat eis eppes gedronk huet!

En decken Merci och un d’ALUS an un den SLUF vir d’Zesummenaarbecht an déi super Stëmmung! An och een groussen Merci un d'ACEL fir d'Organisatioun❤️.

IC Vëlosheemrees 2023

Dëst Joer haate mir rëm eis traditionell Vëlosheemrees. Wéi all Joer hu sech och dëst Joer eng Rei Coureuren an aller Fréih zu Karlsruhe mam Velo a Richtung Lëtzebuerg op de Wee gemaach.

Säit e puer Joer maache mer dat Ganzt awer net méi nëmmen aus sportlechem Éiergäiz mee mir verbannen et och mam gudden Zweck. Dest Joer ënerstetzen mir Fondatioun kriibskrank Kanner. Hiert Zil ass et, dass d’Kanner an de beschte Konditiounen a mat der beschtméiglecher medezinescher Versuergung opwuessen. Sie ënnerstëtzen och d'Fuerschung géint den Kriibs.

Lo schon e grousse Merci un all Coureur, Sponsor, Organisateuren an natierlech fir all Don deen eis erreescht huet❤️.

Awer och e ganz grousse Merci un letz.studenten.saarbrecken fir dat gutt Mëttegiessen! :)

Är AELK❤️


AAELK Goes Karlsruhe

Dësen Weekend war Karlsruhe on Fire a verschiddener stralen a villfacher Hisiicht nach haut. Net nëmme wéi ee Kichelchen iwwer béid Oueren…


Fréier war alles Besser !?

Gréng a ‘vendange’ tardive sinn och zu Karlsruhe hipp an de Kühler Krug huet näischt vu sengem idylleschen a bisweile chaotesche Charme verluer. 

Eng Terrasse ob der Kriegsstraße ? Fréier e Garant fir daf Oueren. Haut genausou passé wéi d’Gejiips um Marktplatz. 


An am Norden, Fortschrëtt oder Réckschrëtt !?

Aus dem Home-Office Bagger fueren ? Comedy mat Wëssenschaft genéissen? Fräi an engem Atommülllager ronderëm spadséiere ? Um KIT alles kee Problem. Di éischt zaghaft Kontakter mat der AELK si geknäppt ginn.


Late at night… 

Esou vill Aktivitéit mécht hongreg a beim “Maggy” gouf et eng wonnerbar Kiche fir all Feinschmecker an dat elementaarst Grondbedierfnis ze befriddegen. D’AELK Membere ware vun der AAELK invitéiert fir bei där Geleeënheet erëm de Kontakt obliewen ze loossen. Dono si jonk, méi jonk a nach méi jonk ob den Tour gaangen an eppes sief gesot et ass net bei enger Tournée bliwwen...


Dofir behaapte béis Zongen :

  • et ass ni ze spéit erëm ob Karlsruhe zeréck ze fueren…

  • de leschte Bleu hätt vill Punkte sammele kënnen, mee ouni Carnetsdisziplin bleift et en aarme Bleu…

  • dass Asaz bis zum Schluss gefrot war an di Bescht den Napoleon zougespaart hätten…


A Sonndes goung et monter um Brunch weider wéi d’Foto zweiwelsfräi beweist. Dono war den offiziellen Deel leider schonns eriwwer an eng Invitatioun fir spéitstens 2025 den nächste ronnen AELK Gebuertsdag ze feieren dierft just eng Formalitéit sinn…


En Nerd Fakt zum Schluss: Schléit de Päiperlekseffekt a Form vun engem Taifun iwwer dem Pazifik zou, da gleeft kenger Meteosprognos fir Europa…


Mat beschte Gréiss wënscht den  AAELK Comité an den AELK Comité.

IC Beachvolleyball

Den 8.-9. Juni waren puer vun eise Memberen op den IC Beachvolleyball zu Kaiserslautern!

Et war en coolen Dag mat richteg gudder Stëmmung, grousse merci hei un den LSK❤️.

Mir freeën eis schon op d'nächst Joer!



Beerpong Tournoi

En neit Semester steet un an domat fenken d’AELK Aktiviteiten och erem un.

Fir gudd an d'Semester erankommen fenken mir direkt mat dem Beerpong Tournoi un.


Student fir 1 Dag 2023

Den 14ten Abrëll waren am ganzen 9 Schüler an eiser wonnerschéiner Fächerstaat op Besuch. 

Héi kruten sie en klengen Abléck an d’Studenteliewen zu Karlsruhe. Um 9:30 huet den Daach mat enger Virstellung vun der ACEL an der AELK gestart. Nieft den Visitten vun eisen Instituter (aerodynameschen Wandkanal, Hydromechanik Institut), hunn mir zesummen vir Mëtteg an der Mensa giess. Eisen Campus hunn mir natierlech och eisen Schüler*innen virgestallt. Deen een oder aneren Patt gouf et dun spéiderhin vun eis beim AKK um Campus. Doropshin sinn mir eis Staat besichtegen gaangen an hunn eisen hoffentlech zukünftegen Schüler*innen eist Schlass, den Marktplatz an eisen Stammcafé gewisen. Owes sinn mir an d’Marktlücke iessen gaangen vun do aus sech d’Schüler*innen dun och rëm op den Wee vir Heem gemaach hun.

Villmools Merci un all Schüler*innen, déi op Karlsruhe komm sinn vir eis wonnerschéin Staat ze besichtegen. Mir hoffen et huet Iech gefall an hoffentlech gesinn mir eis am Oktober vir d’Wantersemester rëm!

An zum Schluss en decken Merci un d’Acel, fir d‘Organisatioun!

Är AELK❤️


Student fir 1 Dag 2022

Du bass interesséiert zu Karlsruhe ze studéieren a wëlls dech virdru méi genee informéiere wéi d'Uni an d'Studenteliewen hei leeft? Dann ass de Student fir 1 Dag déi perfekt Geleeënheet!

Den 4. Abrëll kanns du en Dag laang d'Uni an Stad Karlsruhe kucke kommen. Dobäi kanns du dech mat de lëtzebuergesche Studenten iwwer d'Studium ënnerhalen an deng Froe stellen!

De genauen Programm an d'Umeldung fënns du hei: https://sf1d.acel.lu/lb/destinations

Facebook-Event :  https://fb.me/e/34asJdSFl

Bei Froen kanns du eis gären iwwert contact@aelk.lu kontaktéieren.

Ski - Vakanz 2022

Och dëst Joer geet d'AELK rem vum 13. - 16. Januar Ski fueren. 

Des kéier geet et op Gaschurn wou mir och schoun 2019 an 2020 waren. Den Dag iwwert gëtt vum Schnéi an den (hoffentlech gudde Wierder) profitéiert an Owes beim Après-Ski maache mir t'Hütt onsécher

.