AAELK Programm

 Eisen online Kalenner

( Hei kann een de Kalenner abonnéieren )

2024

23/11 --- AAELK Iessen

Eis traditionnelt Iessen um Enn vum Joer. Détailer kommen no.

04/09 --- Visite op der Fouer

Mir ginn zesummen op d'Fouer. RV ass géint 18 Auer beim Schwarzwaldhaus.

22/06 --- Pétanque / Familljendag

am Pavillon zu Nidderaanwen.
Familljendag mat Sport (Bouleterrain a walweis XXL Sandkëscht fir di Kleng oder Beachvolleyball fir di Grouss), Gegrills a Gedrénks. Beim Altersheim, Koordinaten: 49°39'12.2"N 6°14'57.3"E

04/05 --- Visite vum Musée de l'Ardoise zu Martelange

Mir ginn zesummen op Haut-Martelange fir méi iwwert d'Geschicht vun der Schieferindustrie zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn.

12/03 --- AG

Eis AG ass dëst Joer nees an der Brasserie du Kirchberg.

2023

20/12 --- Chrëschtmaart

Mir wäerten eis nees um Chrëschtmaart treffen.

25/11 --- AAELK Iessen

Eis traditionnelt Iessen um Enn vum Joer.
Mir gi bei de Steinmetz op Bech a maache virdrunn eng Visite vun hirer Distillerie!

29/09 --- Visite CFL multimodal + Iessen

Mir maachen eng Visite vum CFL multimodal Site zu Beetebuerg/Diddeléng, a ginn dono iessen.

06/09 --- Visite op der Fouer

Mir ginn zesummen op d'Fouer. RV ass géint 19 Auer beim Schwarzwaldhaus.

16-18/06 --- Ausfluch op Karlsruhe

Mir organiséieren een Ausfluch op d'Porte Ouverte vum Campus Nord zu Karlsruhe, de Weekend vum 16.-18. Juni!

14/03 --- AG

Eis AG ass dëst Joer nees an der Brasserie du Kirchberg. Hei ass d'Invitatioun mat allen Détailer.

2022

21/12 --- Chrëschtmaart


An der Stad, vun 18 Auer un.

12/11 --- AAELK Iessen


An der Béierhaascht zu Käerjeng, mat Visite vun der Salaison an der Brauerei.

15/10 --- Visite Reiff


Mir fueren op Elwen a maachen eng Visite beim Lounbetrib a Fendt-Trakter-Spezialist Reiff. Dono gi mir eppes zesummen iessen. Méi Info zum Betrib op j-reiff.lu.

22/08 --- D'AAELK op der Fouer


Vun 19 Auer un Treffpunkt beim Schwarzwaldhaus.
Programm: bekannt.

14/05 --- Pétanque / Familljendag

am Pavillon zu Nidderaanwen.
Familljendag mat Sport (Bouleterrain a walweis XXL Sandkëscht fir di Kleng oder Beachvolleyball fir di Grouss), Gegrills a Gedrénks. Beim Altersheim, Koordinaten: 49°39'12.2"N 6°14'57.3"E

10/03 --- AG

AG 2021+2022 an der Brasserie du Kirchberg.

2021

15/12 --- Chrëschtmaart

Vun 18 Auer un hu mir wëlles zesummen deen een an deen anere Glühwäin um Chrëschtmaart an der Stad ze drénken.
Détailer kommen no.

30/11 --- Wäischmaachen an Iessen

Visitt vum Institut Viti Vinicole zu Réimech.
Programm: Visitt vum Institut mat uschléissender Wäin-Degustatioun
Dënschdeg den 30.11.2021 um 18h00
Treffpunkt: Institut Viti Vinicole, 8, rue Nic Kieffer, L-5551 Réimech
Géint 20h00 wollte mer nach gemittlech eppes iesse goen, dëst am Bistrot Gourmand zu Rëmerschen (à confirmer)
77 Wäistrooss
5440 Rëmerschen

2020

06/06 --- Pétanque / Familljendag

Wéinst der sanitairer Kris leider ofgesot. Bleift all gesond!
De Pétanque Terrain leeft net fort, mir komme rëm!

10/03 --- AAELK AG

an der Briddeler Stuff, ab 19 Auer.

2019

16/11 --- AAELK Iessen


am Restaurant La Rameaudière zu Elléng-Gare, mat Visite visàvis an der Kellerei Krier-Welbes.

22/10 --- Visite BNL


Nach zwou Aktivitéiten: Mir ginn d'Nationalbibliothéik besichen a Kaart fueren op Lexy.
Datumer an Détailer kommen no.

29/08 --- d'AAELK geet op d'Fouer

03/08 --- Pétanque / Familljendag

am Pavillon zu Nidderaanwen.
Familljendag mat Sport (Bouleterrain a walweis XXL Sandkëscht fir di Kleng oder Beachvolleyball fir di Grouss), Gegrills a Gedrénks. Beim Altersheim, Koordinaten: 49°39'12.2"N 6°14'57.3"E

23/05 --- Visite LuxTram

RV 17h15 virum Administratiounsgebei um Kierchbierg.
Umellung op aaelk27@gmail.com bis de 14. Mee.

12/03 --- AAELK AG

an der Brasserie Kierchberg.

2018

19/12 --- D'AAELK um Chrëschtmaart


RV géint 18h30 op der Plëss, bei den iwwerdaachten Dëscher.
Glüh olé olé.

10/11 --- AAELK Iessen

am Dal Notaro am Gronn

07/07 --- Beachvolleyball AELK - AAELK

am Pavillon zu Nidderaanwen.
Beim Altersheim, Koordinaten: 49°39'12.2"N 6°14'57.3"E
Am beschten eng Parkplaz an der rue Laach bei der Nummer 40 sichen an dem Schëld "Parc de Loisirs" nogoën!

13/03 --- AAELK AG

an der Brasserie Kierchberg.

2017

11/11 --- AAELK-Iessen

am Come à la maison.

01/09 --- D'AELK geet op d'Fouer.

Wee Loscht huet, schléisst sech un!

01/07 --- Frëndschaftsmatch AAELK vs. AELK

Dee Match fällt dëst Joer leider nees aus. Di Jonk wëllen net gebeetscht ginn, mengen ech...

30/06 --- Arrivée vun der AELK Velosheemrees

Ab 17 Auer bei der Agence vun der BGL op der Adress 17, rue Guillaume de Machault, L-2111 Luxembourg (Märel).

22/06 - 25/06 --- 50 Joer AAELK Feier

Mir feieren zu Karlsruhe, datt eisen Ancien's Club well 50 Joer kritt! Bravo!!

14/03 --- AAELK AG

an der Brasserie Kierchberg.

2016

12/11 --- AAELK-Iessen am Cercle Münster

02/07 --- Fussballsmatch Däitschland - Italien

Leider fällt de Frëndschaftsmatch AELK-AAELK zu Hueschtert dëst Joer aus. Mir treffen eis duerfir um 20 Auer am Rénert um Knuedler fir d'EM um grousse Schierm zesummen ze kucken!

01/07 --- AELK-Velosheemrees

Wéi all Joer maache mer och dës Kéier een Empfangscomité fir eis Cyclisten bei hierer Arrivée zu Lëtzebuerg. Et wäerte vläit och nees e puer AAELK- « Veteranen » dobäi sinn, déi entweder eenzel Etappen oder souguer de ganze Parcours matfuere wäerten. Duerfir, un d´Hobby-Jungelsen ënnert eise Memberen : Wann Dir och wëllt dobäi sinn, dann zéckt net bei Intressi z.B. u gemeinsamen Trainingsfahrten (Moyenne 27 km/h), oder fir d´Organisatioun vu Logistik an Transport den Dag selwer, Iech bei Ärem sportleche Comité ze mellen! Merci!

10/06 --- Visite vum Pont Adolphe

Di "nei Bréck" gëtt restauréiert a mir däerfen se inspizéiere goën! RDV ass um 16h50 op der Place de Metz (bei der Spuerkeess). Mellt iech beim Comité wann dir intresséiert sidd!

17/03 --- Generalversammlung zu Biereng "A Guddesch" (1, Am Kaesch), ab 19:00 Auer.


www.gudd.lu

26/01 --- AAELK Stammdësch

Um 19h00 ass Comitésversammlung. Dono, eppes virun 8, ass Stammdësch fir ALL AAELKler, am Indie's.

2015

22/12 --- Visite vum Chrëschtmaart

Treffpunkt um 18:30 an der Mëtt vum Maart op der Place d'Armes (do wou déi iwerdaachten Dëscher sinn).

21/11 --- AAELK-Iessen an der Brasserie Schuman

27/10 --- AAELK Stammdësch

Um 19h00 ass Comitésversammlung. Dono, eppes virun 8, ass Stammdësch fir ALL AAELKler, beim Rénert um Knuedler.

01/09 --- Visite op der Schueberfouer

04/07 --- Fussballsmatch AAELK – AELK + (evt aner Aktivitéiten fir d'Net-Fussballer)

Wéi schon di Joere virdrun um Trainingsterrain vum US Hostert. Ugepaff gëtt um 16h00! Duerno gëtt rem lecker gegrillt.

03/07 --- AELK-Velosheemrees

Wéi all Joer maache mer och dës Kéier een Empfangscomité fir eis Cyclisten bei hierer Arrivée zu Mäerel (Jardins de Luxembourg vun der BGL BNP Paribas, 17 r. Guillaume de Machault, 2111 Luxembourg). Et wäerte vläit och nees e puer AAELK- « Veteranen » dobäi sinn, déi entweder eenzel Etappen oder souguer de ganze Parcours matfuere wäerten. Duerfir, un d´Hobby-Jungelsen ënnert eise Memberen : Wann Dir och wëllt dobäi sinn, dann zéckt net bei Intressi z.B. u gemeinsamen Trainingsfahrten (Moyenne 27 km/h), oder fir d´Organisatioun vu Logistik an Transport den Dag selwer, Iech bei Ärem sportleche Comité ze mellen! Merci!

15-17/05 --- 60 Joer AELK Feier zu Karlsruhe

19/03 --- Generalversammlung an der Brasserie du Kirchberg

2014

19/12 --- E Patt Glühwäin (oder vill méi) mat der AELK um Krëschtmaart an der Stad

22/11 --- AAELK Iessen am Cercle Munster

15/10 --- Visite vum Site Belval

05/07 --- Fussballsmatch AAELK – AELK + (evt aner Aktivitéiten fir d'Net-Fussballer)

04/07 --- AELK-Velosheemrees

11/03 --- Generalversammlung an der Brasserie du Kirchberg

Fir déi Aktivitéiten, wou nach net all Détailer feststin, deelt Iech Ären Comité selbstverständlech all Informatiounen en temps utile mat. Fir d’Stammdëscher maache mir et wéi déi Joeren virdrun, d.h. mir probéire verschidde Lokaler aus, wou mir dann och zesummen e Maufel kredenzen. D´Datumer hu mir nach net alleguerte festgeluegt; mee och hei annoncéiren mir Iech jeweils am viraus, wéini a wou mir eis gesin.