Informatiounen

Wéi all gudden Cercle huet och d'AELK eng Brochure zesummengestallt. Heiranner fënns du ënnert aanerem Informatiounen zur Uni, deenen verschiddenen Studiegäng, der Staat Karlsruhe an natierlech och iwwert d'AELK selwer. Dës Brochure fënns de all Joër a gedréckter Form op der Foire de l'étudiant um AELK-Stand.

Dës Brochure ass als Orientatioun geduecht fir eng eischt Idee vum Studium an vun der Staat Karlsruhe ze kreien. Wéinst kontinueierlechen Ännerungen an de Studiengäng kennen mer net emmer aktuell sin. Dofir gin et déi offiziell Informatiounen déi dir ennert Wichteg Adressen fannt.


D'ACEL stellt all Joer en Guide du Futur Étudiant zesummen. Do stin Informatiounen zu allen Stied dran, also natierlech och zu Kalsruhe. Wanns du demnächst wëlls ufänken mat studéiren, kann dat Dokument richteg interessant sin.

Dëst ass d'Dokument fier Schüler an Studieninteresséirter.


D'ACEL huet en Studentenguide zesummengestallt, an deem wichteg Informatiounen fier Studenten an alle Stied stin. Dei aktuell Versioun kënnt dier hei fannen:

Dëst ass d'Dokument fier Studenten an Leit dei sech schon fier eng Uni décidéiert hun.