De Club

Wee si mir?

D'AELK ass e Studentencercle, deen seng Aufgab doranner gesäit, den Zesummenhalt an d'Integratioun vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe op Veräinsbasis ze organiséieren an ze begleeden. Dobäi sti mir de Studenten zur Säit a beäntwerte gär all d‘Froen déi opkomme sollten. Donieft organiséiere mir Aktivitéiten, déi parallel zum Studium an zur Ofwiesslung zum deelweis ustrengenden Unisliewe stattfannen.

Wat maache mir?

Dat neit Wantersemester fänke mir traditionell mat eisem Pizzahausiessen un. Dëst Event ass déi ideal Geleeënheet fir Éischtsemester, eise Cercle an d'Member kennen ze léieren. Am Wantersemester bidde mir ofwiesslungsräich Aktivitéiten un. Vum engem "Knäipen-Rallye" iwwer e gemittleche Quizowend bis zum Highlight, dem „Wäin & Kéis Owend“ an der Schivakanz ass alles dobäi. Ofgeschloss gëtt d'Semester mat der Assemblée Générale an dem uschléissende Fräibéier.

Wärend dem Summersemester kommen d'Enthusiaste vun de Kaffiesportaarten op hier Käschten. Beim Pup-Cup gëtt aus de Kompetitioune Billard, Darts a Kicker e Gewënner ermëttelt. De verlängerte Päischtweekend gi mir op Clubrees, wäit ewech vum dagdeeglechem Unistress. De lëtzebuergeschen Nationalfeierdag gëtt traditionell un engem Baggerweier bei Karlsruhe gefeiert.

D'AELK bitt senge Memberen och eng Hellewull u sportlechen Aktivitéiten. Sou treffe mir eis wärend de Summerméint reegelméisseg fir Beachvolleyball a Fussball ze spillen. Am Wanter spille mir eemol pro Woch Volley-, Basket- oder Fussball. Dëst ass eng optimal Virbereedung fir den "Tournoi de Noël" um Geesseknäppchen. Eist gréisst sportlecht Event ass d'Vëlosheemrees, bei der mir an engem Dag mam Coursevëlo vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fueren an dobäi Spende fir e gudden Zweck sammelen.

Wou fënns du eis?

Interesséiert zukünfteg Studente berode mir op der Foire de l’Etudiant, wéi och sur place bei "Student fir een Dag". De Cercle ass selbstverständlech och um ACEL Studentebal mat engem Stand zesumme mat der ALUS vu Stroossbuerg vertrueden. Och bei Intercerlen si mir reegelméisseg präsent.

Eise Programm fënns du hei.

Wann's du also op Karlsruhe studéiere kënns, zeck net bei d'AELK ze kommen. Sief et fir deng Froe beäntwert ze kréien oder fir vill flott Owender ze verbréngen.

Wei gesäit et bei eis äus?

Fier d'Studentenfoire 2020 hun mier en Video gemaach, deen d'Staat an den Veräin vierstellt. Dier kënnt dese Video elo och hei kucken.