A.E.L.K.

D'Amicale des étudiants luxembourgeois à Karlsruhe, kuerz AELK,
as e Veräin ouni politesch, religiéis oder aaner Zwecker ausser deem,
dem Student säi sauert Liewen duerch e bësse Folklore ze erliichteren.
All Lëtzebuerger, dee kee "Robinson" wëll sin, gëtt Member
an der A.E.L.K. fir e klenge jährleche Bäitrag vun 7,50 EUR.
D'AELK déi schons säit méi wei 50 Joër besteet, wann
eis Informatiounen richteg sin, da gouf si den 24. Februar 1955 gegrënnt,
zielt am Moment ronn 80 Memberen.
D'Aktivitéiten vun der A.E.L.K.
Am Allgemengen trëtt d'AELK fir studentesch Interessien an, as Grënnercercle a Member vun der ACEL (Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois), dem Daachverband vun de lëtzebuergesche Studentencerclen an as och gudd an der ANEIL (Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois) vertrueden. Si ënnerhält Kontakter mat Studentenclibb vun aneren Unien aus der Géigend, z.B. mat der ALUS (Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg) oder dem LSH (Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg).
Während dem Semester organiséiert d'AELK Aktivitéiten déi méi oder manner traditionell
um Programm stinn: d'Baggerséifest fir Nationalfeierdag, d'Aweiung fir dei Néi ëm Kleeseschersdag, e Quizowend,
Paintball-, Billard- an Bowlingtournoien, Clubreesen (z.B. op Prag, München oder an d'Weltstaad Berlin),
Industrievisiten an ettlech Stammdëscher.
Dat alles si nëmmen e puer vu villen Aktivitéiten déi de Membere gebuede ginn, während dem Semester all Woch.
Heiandsdo fuere mir duerch d'Géigend, z.B. eng "tarte flambée" an d'Elsass iessen, Glühwäin
op den Heidelberger Chrëschtmaart drénken oder op Stroossbuerg mat de Meedecher diskutéieren.
D'A.E.L.K. an d'Fitness
Sportlech as d'AELK och: zanter Joëren huele mir um "Tournoi de Noël" deel, dat as en Turnéier bei deem all d'Studenteclibb sech no Chrëschtdag zu Lëtzebuerg am Fussball, Volley- an Basketball moossen. Kuerz dono am Januar steet dann d'Schivakanz um Programm wou mir an engem éierbare Schigebidd e Chalet lounen an eis am Schi an am Après-Schi testen.
Am Summer huele mer um Summercup deel wou d'Studenteclibb sech am Fussball um Terrain moossen.
Weider as nach eis traditionell Velosheemrees z'ernimmen:
Ufank Juli fuere mir a 5 Etappe vu Karlsruhe op Lëtzebuerg (240 km), en absolute Must fir all Sportler.
Säit 2004, mache mir dat emmer fir ee gudden Zweck, a sammlen Joer fir Joer em déi 2000 Euro. Mir goufen och well vun engem RTL Kamerateam begleet,
vum Felix Eischen op der Telé presentéiert a vun der Police
vu Réimech bis an d'Stad eskortéiert.
Wéi een anere Studenteclub kann iech esou eppes bidden?
Maja.
Den Treffpunkt vun der A.E.L.K.
D'Lëtzebuerger zu Karlsruhe begéine sech regelméisseg op den Aktivitéiten, um Stammdësch
oder all Dag am Lëtzebuerger Eck: an der Mensa op den Trapen niewt dem Copycenter. Hei as och fir di Nei di éischt
Geleegenheet sech an eis kennenzeléieren. Lëtzebuerger Zeitunge (vun der AELK abonnéiert) fannt dir an der Mensa
bäi der UStA.
Neiegkeete fannt dir hei op der Homepage an dir kritt déi per Mail geschéckt.
Eisen immense Programm, Kulturtipps an
Umeldungslëschte fir d'Aktivitéite fannt dir och ëmmer um Internet.
BILLLULL IBAN LU59 0023 1399 9547 8300































