Wëllkomm bei der AELK Velosheemrees

Zanter 26 Joer an engem Dag vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fir de gudden Zweck

Nodeems sech am Joer 1986 e puer Velosport-begeeschterter ënnert de lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe (AELK) zesummefonnt haten fir de Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg mam Velo statt mam Auto oder mam Zuch ze fueren, ass d'Velosheemrees mëttlerweil zu enger Traditioun bei der AELK ginn. All Joer fannen sech op en Neits eng Réi Coureuren, déi sech an aller Fréih zu Karlsruhe mam Coursevelo, oder och alt mam normalen Staatvelo, a Richtung Lëtzebuerg op de Wee maachen.

Am Joer 2012 hu mir lo déi grouss Freed fir 26 Joer AELK Velosheemrees ze feieren. Lass geet et den 29. Juni 2012 ëm 5:00 moies fréi zu Karlsruhe an da fueren mer mat 4 Tëschestopps op Lëtzebuerg wou mer géint 17:00 um Siège vun eisem Sponsor DEXIA vun eise Frënn a Famillen empfaange ginn.

Säit e puer Joer maache mer dat Ganzt awer net méi nëmmen aus sportlechem Éiergäiz mee mir verbannen et och mam gudden Zweck. All Coureur kann vun engem Parrain oder enger Marraine ënnerstëtzt ginn. Pro gefuerenem Kilometer verpflicht sech den Parrain oder d'Marraine eng fräi wielbar Somme un "Médecins Sans Frontières" ze spenden. Wee sech net sëcher ass zu wéi enger Distanz eis Coureuren fäeg sinn dee kann selbstverständlech och einfach een Don maachen.

Donieft freeën mir eis och iwwer all direkt organisatoresch Ënnerstëtzung vun eise Sponsoren, sief et materiell oder finanziell.


Mir soen eise Sponsoren a Parrainen well am Viraus villmols Merci!