AAELK Programm
2019
12/03 --- AAELK AG
an der Brasserie Kierchberg.
2018
19/12 --- D'AAELK um Chrëschtmaart
RV géint 18h30 op der Plëss, bei den iwwerdaachten Dëscher.
Glüh olé olé.
10/11 --- AAELK Iessen
am Dal Notaro am Gronn
07/07 --- Beachvolleyball AELK - AAELK
am Pavillon zu Nidderaanwen.
Beim Altersheim, Koordinaten: 49°39'12.2"N 6°14'57.3"E
Am beschten eng Parkplaz an der rue Laach bei der Nummer 40 sichen an dem Schëld "Parc de Loisirs" nogoën!
13/03 --- AAELK AG
an der Brasserie Kierchberg.
2017
11/11 --- AAELK-Iessen
am Come à la maison.
01/09 --- D'AELK geet op d'Fouer.
Wee Loscht huet, schléisst sech un!
01/07 --- Frëndschaftsmatch AAELK vs. AELK
Dee Match fällt dëst Joer leider nees aus. Di Jonk wëllen net gebeetscht ginn, mengen ech...
30/06 --- Arrivée vun der AELK Velosheemrees
Ab 17 Auer bei der Agence vun der BGL op der Adress 17, rue Guillaume de Machault, L-2111 Luxembourg (Märel).
22/06 - 25/06 --- 50 Joer AAELK Feier
Mir feieren zu Karlsruhe, datt eisen Ancien's Club well 50 Joer kritt! Bravo!!
14/03 --- AAELK AG
an der Brasserie Kierchberg.
2016
12/11 --- AAELK-Iessen am Cercle Münster
02/07 --- Fussballsmatch Däitschland - Italien
Leider fällt de Frëndschaftsmatch AELK-AAELK zu Hueschtert dëst Joer aus. Mir treffen eis duerfir um 20 Auer am Rénert um Knuedler fir d'EM um grousse Schierm zesummen ze kucken!
01/07 --- AELK-Velosheemrees
Wéi all Joer maache mer och dës Kéier een Empfangscomité fir eis Cyclisten bei hierer Arrivée zu Lëtzebuerg. Et wäerte vläit och nees e puer AAELK- « Veteranen » dobäi sinn, déi entweder eenzel Etappen oder souguer de ganze Parcours matfuere wäerten. Duerfir, un d´Hobby-Jungelsen ënnert eise Memberen : Wann Dir och wëllt dobäi sinn, dann zéckt net bei Intressi z.B. u gemeinsamen Trainingsfahrten (Moyenne 27 km/h), oder fir d´Organisatioun vu Logistik an Transport den Dag selwer, Iech bei Ärem sportleche Comité ze mellen! Merci!
10/06 --- Visite vum Pont Adolphe
Di "nei Bréck" gëtt restauréiert a mir däerfen se inspizéiere goën! RDV ass um 16h50 op der Place de Metz (bei der Spuerkeess). Mellt iech beim Comité wann dir intresséiert sidd!
17/03 --- Generalversammlung zu Biereng "A Guddesch" (1, Am Kaesch), ab 19:00 Auer.
www.gudd.lu
26/01 --- AAELK Stammdësch
Um 19h00 ass Comitésversammlung. Dono, eppes virun 8, ass Stammdësch fir ALL AAELKler, am Indie's.
2015
22/12 --- Visite vum Chrëschtmaart
Treffpunkt um 18:30 an der Mëtt vum Maart op der Place d'Armes (do wou déi iwerdaachten Dëscher sinn).
21/11 --- AAELK-Iessen an der Brasserie Schuman
27/10 --- AAELK Stammdësch
Um 19h00 ass Comitésversammlung. Dono, eppes virun 8, ass Stammdësch fir ALL AAELKler, beim Rénert um Knuedler.
01/09 --- Visite op der Schueberfouer
04/07 --- Fussballsmatch AAELK – AELK + (evt aner Aktivitéiten fir d'Net-Fussballer)
Wéi schon di Joere virdrun um Trainingsterrain vum US Hostert. Ugepaff gëtt um 16h00! Duerno gëtt rem lecker gegrillt.
03/07 --- AELK-Velosheemrees
Wéi all Joer maache mer och dës Kéier een Empfangscomité fir eis Cyclisten bei hierer Arrivée zu Mäerel (Jardins de Luxembourg vun der BGL BNP Paribas, 17 r. Guillaume de Machault, 2111 Luxembourg). Et wäerte vläit och nees e puer AAELK- « Veteranen » dobäi sinn, déi entweder eenzel Etappen oder souguer de ganze Parcours matfuere wäerten. Duerfir, un d´Hobby-Jungelsen ënnert eise Memberen : Wann Dir och wëllt dobäi sinn, dann zéckt net bei Intressi z.B. u gemeinsamen Trainingsfahrten (Moyenne 27 km/h), oder fir d´Organisatioun vu Logistik an Transport den Dag selwer, Iech bei Ärem sportleche Comité ze mellen! Merci!
15-17/05 --- 60 Joer AELK Feier zu Karlsruhe
19/03 --- Generalversammlung an der Brasserie du Kirchberg
2014
19/12 --- E Patt Glühwäin (oder vill méi) mat der AELK um Krëschtmaart an der Stad
22/11 --- AAELK Iessen am Cercle Munster
15/10 --- Visite vum Site Belval
05/07 --- Fussballsmatch AAELK – AELK + (evt aner Aktivitéiten fir d'Net-Fussballer)
04/07 --- AELK-Velosheemrees
11/03 --- Generalversammlung an der Brasserie du Kirchberg
Fir déi Aktivitéiten, wou nach net all Détailer feststin, deelt Iech Ären Comité selbstverständlech all Informatiounen en temps utile mat. Fir d’Stammdëscher maache mir et wéi déi Joeren virdrun, d.h. mir probéire verschidde Lokaler aus, wou mir dann och zesummen e Maufel kredenzen. D´Datumer hu mir nach net alleguerte festgeluegt; mee och hei annoncéiren mir Iech jeweils am viraus, wéini a wou mir eis gesin.