Programm

Nov 21

Lasertag

  • Wed 21 Nov, 2018
  • 19:30

No puer Joren Abstinenz steet dëst Joer erëm Lasertag um Programm. Wann dir iech fir d’elektromagnéitesch Stralung vun der Luucht interesséiert oder einfach wëllt är Kollegen ofschéissen ass dat hei eppes fir iech.

Nov 29

Intercercle Badische Meile

Well et nach puer Méint dauert bis d'Karlsruher Lafcourse „Badische Meile“ erëm stattfënnt, starte mir deen Owend op eiser eegener Badischen Meile, déi bësse manner mat Lafen ze dinn huet: Eise genialen Dafcomité organiséiert fir eis Memberen an eis Kollegen aus den anere Cerclen e spannende Rallye duerch d’Karlsruher Caféen. Freet iech op kniwweleg Froen a witzeg Aufgaben a sammelt fläisseg Punkten!

Dec 05

Wäin & Kéis Owend

De Wäin & Kéis Owend ass déi Soirée am Joer wou d’AELK sech vun hirer schickster Säit weist. An Tenue correcte degustéiere mir edel Wäiner a verwinnen de Gaume mat feinster Fondue au Fromage.

Dec 17

Glühwäin um Chrëschtmaart

Mir gi mat all eise Memberen op de Karlsruher Christkindlesmarkt, wou d’AELK deen een oder anere Glühwäin zum beschte gëtt. Op speziell Ufro kënnt dir iech vläicht och e Kinderpunsch sécheren.

Jan 15

Gewéinlech Generalversammlung + Fräibéier

Äre Comité stoung elo en Joer am Déngscht vun iech Studenten. Op der Generalversammlung loosse mer een erfollegräicht Joer Revue passéieren an et gëtt een neie Comité gewielt. Als Ofschloss beloune mir eis alleguerte mat engem uerdentleche Fräibéier a schléissen domat d’Wantersemester of.

Jan 21

Luxi-Quiz

  • Mon 21 Jan, 2019
  • 18:30
  • TBA

De berühmten AELK-Quizmaster huet sech erëm eng Rei gehiirzellenerfuerdernd Froen iwwerluet an test äert Allgemengwëssen. En gemittlechen Owend, vun deem der bestëmmt net méi domm gitt. Dës Aktivitéit gëtt nach vum ale Comité organiséiert.

Feb 09

KIT Virliesungsenn

  • Sat 09 Feb, 2019

Apr 23

KIT Virliesungsunfank

  • Tue 23 Apr, 2019