Umeldung
Umeldung
Assemblée Générale 2026
| Datum: | 22 Jan, 2026 |
|---|
Léif Membere vun der AELK,
Mir invitéieren Iech heimat häerzlech wëllkomm op d'Generalversammlung vun der AELK 2026.
D'Assemblée Générale (AG) ass Donneschdes, den 22. Januar 2026 um 18:30.
Address:
Stay tuned :)
No der AG selwer geet dann weider mam vum Comité organiséierten Fraibéier, un dem der allerdéngs och just deelhuele kennt, wann der op der AG wart.
Am Kader vun der AG kritt der eng nei Memberskaart, iwwerweist dofir w.e.g. (gaëren och schon virun der AG) 15 Euro op de Konto (IBAN LU08 0030 0861 5351 0000) mam Betreff: Memberskaart Numm Virnumm oder scheckt e Digi (Payconiq) 15 Euro op d’Nummer +352 621 669 026. Fir Bleu*etten ass d’Memberskaart GRATIS!
Fir all déi nei an och déi al Membere sinn hei e puer Erklärungen zur Generalversammlung. D'Zil vun der AG ass et, dat och dier als Member d’Méiglechkeet hutt mat iwwert d’Joer 2026 ze bestëmmen an de Comité 2026/27 ze wielen. Dofir ass et immens wichteg, dass souvill Membere wéi méiglech vertruede si fir dat d’Decisiounen op der AG och de Wëlle vun dem ganze Veräin widerspiegelen. Ausserdeem passéiere mir Revue iwwer d’Joer 2025 a weisen iech wou eis Suen hifléissen an hierkommen.
Falls et iech ënner kengen Ëmstänn sollt méiglech sinn dobäi ze sinn, besteet och Méiglechkeet engem anere Member vun der AELK eng Procuratioun ze erdeelen, déi des Persoun berechtegt an ärem Numm ze wielen. Eng Virlag fannt dir an der Annexe vun der E-Mail, déi zaitglaich mat der Veröffentlegung vun dëser Umellung rausgeschéckt gouf.
Den Ordre du Jour vun der AG ass de folgenden:
- Begréissung duerch eis Presidentin
- Unhuele vum « Ordre du Jour »
- Aktivitéitsrapport vum Joer 2025
- Virstelle vun eiser Social Media Präsenz
- Bilan vum Tresorier
- Kommentar zum Bilan vun de Keeserevisiounen
- Ernennung vun neie Keeserevisore fir 2026
- Virstelle vun der ACEL an der ANEIL
- Erklärung vum Walsystem
- Schlusswuert vun der aktuelle Presidentin
- Tribune libre
- Demissioun vum Comité
- Wal
- Opstelle vun de Comitéskandidaten
- Wal vum neie Comité
- Schlusswuert vum neie President
Reminder:
Wann nach motivéiert Leit sech aktiv am Comité wëlle bewerben, kann een seng Kandidatur bis virun der AG op contact@aelk.lu oder per privater Noriicht via Messenger oder Instagram stellen.
Spontan Kandidaturen während der AG selwer sinn natierlech och méiglech.
Mir freeën eis op Iech!
Umeldungen
| #ID | Virnumm | Nonumm | Kommentar |
|---|---|---|---|
| #1 | Claudia | Welter | Time to say Goodbye |