Umeldung
Umeldung
Assemblée Générale Extraordinaire 2025
Datum: | 10 Jul, 2025 |
---|
Léif Membere vun der AELK,
Heimat invitéire mir iech häerzlech op d'AG Extraordinaire vun der AELK, Donnëschdes den 10. Juli 2025 am Onlineformat per Teams.
Grond fir dës Generalversammlung ass en neit Gesetz zur Regelung vun den Asbl'en zu Lëtzebuerg, sou wéi d'AELK eng ass. An dem Kader muss de Comité d'Statuten vun der AELK upassen. Déi néideg Ännerunge goufen ausgeschafft, a mussen am Kader vun enger AG Extraordinaire de Membere virgestallt an ugeholl ginn fir a Kraaft ze trieden.
Aus Organisatiounsgrënn, a fir dass sou ville Membere wéi méiglech un der AG participéiren kennen, maache mir Donnëschdes den 10.07 um 18:00 Auer en Teams Meeting. Hei de Link:
https://teams.live.com/meet/9333903926192?p=IYWojGHFNWjk8mdLj2
Den Ordre du Jour vun der AG ass de folgenden:
- Virstelle vun betraffenen Artikelen vun de Statuten an de virgeschloënen Ännerungen
- Wal zur Ännerung vun dësen Artikelen
Dat ganzt sollt net méi wéi 20 Minuten daueren, mir géifen eis also freeë wa sech sou vill wéi méiglech aloggen.
Bis Geschwënn, mir freeën eis op Iech!
Fir de Comité,
Paul
Umeldungen
#ID | Numm | Virnumm | Kommentar |
---|---|---|---|
#1 | Besch | Alex | Lul |
#2 | Wiesen | Paul | Lel |
#3 | Welter | Claudia | Lal |
#4 | Feltes | Pit | Lil |